Wëllkomm bei holzis.lu

  • Holzis
  • Wëllkomm bei holzis.lu
  • Dësem Online Shop ass geduecht fir Elteren, Grousselteren, Giedel’en oder Pätteren, Dageselteren, Crèchen, Precocen, Foyeren, Maison Relaisen, Schoulen, am Fong jiddereen, deen eng grouss Auswiel un Kannerspillsaache mat pedagogeschem Hannergrond sicht.

    Kanner sollen hirer Fantasie freie Laf loossen an eng flott Auswiel un pedagogesche Spillsaachen hunn mat deenen se hier Fäegkeeten entwéckele kennen.

     

    Ech schaffe gär mat vill verschidde Marken déi ech mat ganzer Iwwerzeegung vertrieden, a sinn ëmmer op der Sich no neie Produkter déi’en de Kanner sënnvoll Freed maachen an och qualitativ gutt sinn.

    An deene leschten zwee Joer si ëmmer méi Bestellunge vu Schoulen, Crèchen oder Maison Relaisen erakomm sief et fir komplett Funktiounsecken mat verschidden Themen (zum Beispill en Baueck) anzeriichten oder fir mol aner Spillsaachen de Kanner kennen unzebidde wei Bausteng, Stroossen, Klooterdräieck (Pikler) oder Figuren. Mir mëscht et immens Spaass fir mat den Equippen an Elteren hier Idee’n ëmzesetzen.

    Ech freeë mech ëmmer erëm immens iwwer flott Fotoen a Feedback wou ech gesinn dass Kannerae liichten a Spillecker mat Begeeschterung bespillt ginn.

    Ënnert dem Artikel steet ëmmer ob ech de Produit am Lager hunn oder ob et muss bestallt ginn. Liwwerzäit ass, wann ech et bestelle muss an der Reegel 14 Deeg bis ech et kréien. Artikelen ob Stock kann ech direkt den Dag dono ob Post bréngen. 

    Fir Crèchen, Schoulen asw. kennt dir mir är Wonschlëscht iwwert Email eraschécken an ech kann iech en Devis mailen. Dofir brauch ech eng Rechnungs- , Liwweradress an eng Info dozou wei dir bezuele wëllt (Bong vun der Gemeng, Rechnung…)

    Falls dir en Devis oder eng Berodung braucht kennt dir mir gär iwwert info@holzis.lu oder dagesmamm.kahli@gmail.com schreiwen. 

    Das Interesse des Kindes hängt allein von der Möglichkeit ab, eigene Entdeckungen zu machen.

    Maria Montessori

    Have no product in the cart!
    0