Froen an Äntwerten

Froen déi oft gestallt gin

Meng Figuren ginn alleguer vun Hand gemoolt. Faarwen sinn natierlech ongefteg, waasserléislech, schweess an Spautfest. Faarwen sinn gepréift no den Viraussetzungen vun der DIN EN 71.3.

Doduerch kann et méiglech sinn dass bei verschiddenen Artikelen iwwerflësseg Faarfpartikel ofginn, an dem Fall soll en am beschten mat engem einfachen Fuselfreien fiichten Schwamm doriwwer fueren. Net ze fest schruppen oder reiwen. Meng Faarwen sinn spautfest getest an gepréift ginn. Allgemeng geet den Test mat Spaut gemaach den am meeschten optrëtt. Leider kann net all Spaut getest ginn sou dass et am ongënschtegen Fall méiglech wär dass Faarf ofgoen kann.

Bei villem spillen oder widdereneen stoussen kann et virkommen dass Faarf ofgeet, dofir sollt en och vermeiden mat enger fester Biischt oder eppes wat kraazt iwwer Figuren ze fueren.

Meng Faarwen goufen getest no der Norm fir Spillsaachensecherheet DIN EN71 an sinn dofir gesondheetlech onbedenklech fir Bebeen, kleng Kanner oder Erwuessener. Souguer wann en intensiven Spaut hätt an Faarf ofgoen géing, ass Faarf nach ëmmer absolut  ongëfteg an keng Gefor.

Bei Holz kennt dat ganz oft fir dass et schwaarz Punkten oder Strecher ginn. Déi Platzen sinn awer keen Feeler mee Spuren aus der Natur. 

Am beschten reift een liicht mat engem viischtem Duch driwwer. Fir ze dréchnen soll een se net ob Heizung leen mee bei Raumtemperatur einfach dréchnen loossen.

Holzis sollen och net mat waarmem Waasser, Desinfektioun Produkter oder enger Biischt ofgeriwwen ginn.

All meng Holzis sinn aus Bichenholz oder Aasschtert (Ahornholz) an ginn an Däitschland hiergestallt.

Des Holzaarten ginn allgemeng oft fir Spillsaachen benotzt well et en haart, glaat an hellt Holz ass. Sou kann een et gutt verschaffen an et kommen net schnell Téitschen dran.

Duerch Hand molen, huet all Figur säin eegent ausgesinn.

Keen Holzi gläicht dem anerem. Schief Strécher sinn keen Feeler mee geet der Figur hiren eegenen Charakter.

All meng Holzis ginn no der europäescher Norm vun EN71 gepréift.

Den Certificat de conformité as op Nofro disponibel.

Feelt Iech e Stéck oder ass e Stéck verluer gaangen? Am einfachsten Dir schreift mir an dësem Fall eng E-mail ob Dagesmamm.kahli@gmail.com.

Natierlech stellen ech Rechnungen aus, ech sinn Indépendante an ech hunn selbstverständlech och eng TVA Nummer

Meng Holzis ginn mat ganz vill Léift per Hand gemoolt, dofir ass all Stéck en Unikat. All eenzelt Stéck gëtt mam Pinsel iwwermoolt, dofir sinn meng Saachen keng Maschinnenwuer an et gesäit en ëmmer erëm Detailer aus der Natur. Dat “net richtegt gemoolt” ass keen Feeler mee meescht der Figur hiert eegent ausgesinn. Dat ass schéin an mëscht Material nach méi wäertvoll an zu engem Unikat.

Heiansdo kann et och 1-2 Woch daueren bis Är Bestellung fäerdeg ass wat natierlech domat ze dinn huet dass all Stéck ugemoolt muss ginn an selbstverständlech Zäit brauch fir ze dréchenen.