Idee & Grënnerin

Iwwer mech

D'Idee hannert der Holziswelt

Mäin Numm ass Jessica Kahlhammer an wunnen zu Diddeleng. Ech sinn Grënnerin vun der Holziswelt an fir den kreativen Beräich vun den Figuren zoustänneg. Ech verbréngen vill Zäit mam Pinsel fir dass meng Holzsaachen sech an faarwefroue Spillsaachen verwandelen, iwwerleeën mir nei Formen déi kéinten an eist Konzept passen an sinn zoustänneg fir Reklamm um sozialem Netzwierk ze maachen. Natierlech bekëmmeren ech mech och em Kommunikatioun mat den Liwweranten, Händler an alles wat esou vun Pabeieren an E-mailen erakënnt. Hat leet awer och Hand mat un an schléift, sprayt an moolt eis Holzis wann et gebraucht geet.

Ech sinn vun Beruff Dagesmamm an versuergen kleng Kanner am Alter vun 0-6 Joer. Duerch déi vill Stonnen déi ech schonn am Spillzëmmer verbruet hunn an ëmmer erëm dat Beoberten vun den Kanner beim spillen gemaach hunn, sinn ech ob Idee komm fir meng Holzis ze grënnen. Oft hunn ech gesinn dass Kanner immens kreativ sinn awer si duerch Grenzen vun deenen verschiddenen Spillsaachen net richteg sech kennen an hir Fantasiewelt verdéiwen. E Päerd bleift e Päerd an eng Popp bleift eng Popp. Dofir geet et elo meng Holziswelt….